De Label, deen den Närwäert vu verschaffte Produiten definéiere soll, gëtt am Moment vu sechs Lëtzebuerger Produzenten op de Verpackungen ugewisen. Soulaang et keen europäesche Kader gëtt, wier et sënnlos de Label obligatoresch zu Lëtzebuerg ze maachen, esou d'Konsumenteschutzministesch Paulette Lenert gëschter (31.7.) virun der Press. An enger Etude gouf den Ëmgang vun de Konsumente mam Score analyséiert, an dobäi koum eraus, datt virun allem jonk Leit de Label kennen an e fir wichteg an interessant halen. D'Ana Angel mat weideren Detailer
arrow_back_ios
Aktuelles
Nutri-Score weiderhi fräiwëlleg fir d'Entreprisen
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
