Kultur
till tills
13 min
Den Term "Moraine" bezeechent d'Material, dat vun engem Gletscher mat beweegt gëtt; den Depot dovunner heescht op englesch "tills". "Tills": esou huet de Raphaël Lecoquierre och seng Konschtinstallatioun gedeeft, déi hie bis den zéngte September am Casino presentéiert. Ze gesinn ass Stuck un de Maueren, plus geometresch Skulpturen am Raum; béides huet eppes vu pastellem Marber. Mee de franséische Kënschtler, Joergang 1988, deen zu Bréissel lieft a schafft, ass fir eise Mois européen de la photo invitéiert ginn. An tatsächlech si Fotoen d'Basismaterial vun der Aarbecht. D'Kerstin Thalau ass vum Raphaël Lecoquierre méi iwwer säi Making of gewuer ginn.