Kultur
till tills
Den Terme "Moraine" bezeechent d'Material, dat vun engem Gletscher mat beweegt gëtt; den Dépôt dovunner heescht op englesch "tills". "Tills": esou huet de Raphaël Lecoquierre och seng Konschtinstallatioun gedeeft, déi e bis den zéngte September am Casino presentéiert. Ze gesinn ass Stuck un de Mauere plus geometresch Skulpturen am Raum; béides huet eppes vu pastellenem Marber. Mee de franséische Kënschtler, Joergang 1988, deen zu Bréissel lieft a schafft, ass fir eise Mois européen de la photo invitéiert ginn. An tatsächlech si Fotoen d'Basismaterial vun der Aarbecht. D'Kerstin Thalau ass vum Raphaël Lecoquierre méi iwwert säi making of gewuer ginn.