Kultur
Am Glanz oder an der Luucht vum Impressionismus?
2019 war Diddeléng am Dominique-Lang-Féiwer. Ulass war den 100. Doudesdag vum Moler. Un deen ass direkt vun e puer Kulturhaiser erënnert ginn, zum Beispill mat Expoen. Den Dominique Lang houng u senger Heemechtsstad Diddeléng; dat weist sech och ganz kloer a senger Konscht. Dëse Summer feiert d'Stater Villa Vauban den Impressionist. D'Équipe huet rezent eng Rei Dominique-Lang-Acquisitioune gemaach. Déi ideal Matière fir eng Summerausstellung. Déi sollt awer kee Remake vun 2019 sinn, sou d'Conservatrice Gabriele Grawe am Gespréich mam Kerstin Thalau.