arrow_back_ios
Kultur
Geschichte fir am Exil d'Bezéiungen ze fleegen
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
De Biergerkrich a Somalia hat ufanks den 1990er Jore vill Mënschen an den Exil gedriwwen. Dorënner d'Ubah Cristina Ali Farah. An hirem ganz liewege Roman "Madre piccola" (Editions Zulma) beschreift déi italieenesch-somalesch Schrëftstellerin d'Schicksal vun deene Refugiéen an Europa. Um Festival Etonnants voyageurs Enn Mee zu Saint-Malo hat de Michel Delage mat der Ubah Cristina Ali Farah geschwat. Extrait