De Biergerkrich a Somalia hat ufanks den 1990er Jore vill Mënschen an den Exil gedriwwen - dorënner d'Ubah Cristina Ali Farah. An hirem ganz liewege Roman "Madre piccola" (Editions Zulma) beschreift déi italeenesch-somalesch Schrëftstellerin d'Schicksal vun deene Refugiéen an Europa.
Um Festival Etonnants voyageurs Enn Mee zu Saint-Malo hat de Michel Delage mat der Ubah Cristina Ali Farah geschwat.