arrow_back_ios
Kultur
Tëschent Traditioun, Natur an der Fräiheet vun der grousser Stad
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
Haut den Owend (12.8.) steet d'Johanna Kivimägi, alias Hanakiv, am Kader vun de Congés Annulés an de Rotonden op der Bün. Gebierteg kënnt si aus Estland, mëttlerweil lieft si an England a erschaaft do eng ganz eege Musek, an där sech Aflëss vum traditionelle Folk aus hirer Heemecht mat Jazz, Klassik an Electro vermëschen. Am Interview beim Claudine Muno huet si erzielt, wéi hir Kompositiounen entstinn.