arrow_back_ios
Kultur
Trauma, Dram a Poesie
"Le livre de l'Una" heescht de Roman vum bosnesche Schrëftsteller Faruk Sehic. Hie selwer war Kämpfer am Bosnie-Krich tëschent 1992 a 1995. A sengem Roman erschaaft hien eng Welt, an där d'Natur eng wichteg Roll spillt, wou d'Hypnos Erënnerunge mat Fantasie vermëscht a Poesie a Prosa anenee verschmëlzen. D'Valerija Berdi huet mam Faruk Sehic iwwer säi Buch a seng Erliefnisser geschwat. "Le livre de l'Una" koum a franséischer Iwwersetzung bei Editions Agullo eraus.