arrow_back_ios
Kultur
Aus de Faubourge bis bei d'Kathedral
Begrëffer wéi "Kuff d'Schmull", "Gampes" oder "Kitten" gehéieren haut zum gängege Sproochgebrauch. Am Fong komme se awer aus dem Jéineschen, enger Zort Geheimsprooch, déi vun Händler geschwat gouf. Haut (23.8.) steet d'Jéinescht am Zentrum vun engem Owend mat Texter a Musek, deen am Haff nieft der Kathedral stattfënnt. D'Claudine Muno huet sech am Virfeld mat den Organisateuren Marie Marthe Muller a Romain Pansin ënnerhalen.