Kultur
Musek am Atertdall
Dëse Samschdeg, de 26. August, fänkt de Festival Musik am Atertdaul/Musique dans la vallée un. Am Atertdall, zu Lëtzebuerg an an der Belsch, kann ee Concerte mat Musek vum Liszt, Mozart, Mendelssohn a Vivaldi lauschteren. De roude Fuedem ass d'Stëmm an all hire Facetten, eng- a méistëmmeg.
Op der Affiche steet och een Orchester vu Lëtzebuerg - den Estro Armonio - mam Carlo Jans um Dirigentepult. D'Marie Trussart war am Gespréich mat der Organisatrice, der Sylvie Hubert, iwwer d'Konzept, de musikalesche Programm an déi besonnesch Concertsplazen.