Anescht, wéi et am Koalitiounsaccord virgesi war, koum et an dëser Legislaturperiod zu kenger Reglementatioun vun der Plattformaarbecht zu Lëtzebuerg. Gemengt sinn domat Déngschtleeschtungen, déi iwwer eng Online-Plattform vermëttelt gi wéi zum Beispill e Liwwerservice fir Iessen aus Restauranten. De sozialisteschen Aarbechtsminister Georges Engel huet seng Meenung an de leschte Méint geännert a mengt, et sollt een elo fir d'éischt op d'EU-Direktiv waarden. Dës géif elo méi séier kommen, wéi ufnks nach geduecht. Mat dëser Entscheedung gëtt de Georges Engel der Fuerderung vum Patronat Recht. D'UEL huet keng Drénglechkeet gesinn, enger EU-Direktiv virzegräifen. Den OGBL hat et awer begréisst, datt zu Lëtzebuerg d'Konditiounen an der Plattformaarbecht elo sollte regléiert ginn. Sophie Schroeder mat Detailer
arrow_back_ios
Aktuelles
Nach keng Reglementatioun vun der Plattformaarbecht zu Lëtzebuerg
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
