Kultur
Let's tell it again, Sam!
Enn Mee stoungen eis zwou Erzielkënschtlerinne Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer, zesumme mat der Perkussionistin Louisa Marxen, fir hiren Erziel-Owend "Tell it again, Sam" op der Kapuzinertheaterbün. Op Basis vu Mythologien, Märercher, Wëssenschaften, Experienzen ... hu si en eegenen, nawell zimmlech rhythmesche Spektakel kreéiert. Point de départ war di berüümt, falsch, Citatioun aus "Casablanca": aus "Play it again", gouf "Tell it again, Sam", mee och do stoung de Mënsch, respektiv stounge Schicksaler, déi sech kräizen, am Mëttelpunkt. Och an enger Bar. Eventuell an engem Lëtzebuerger Café?