Kultur
Zum Doud vum Marc Henri Reckinger
De Méindeg hat de Kulturministère matgedeelt, datt no der Berthe Lutgen, de Marc Henri Reckinger am Oktober 2024 mam neie Lëtzebuerger Konschtpräis ausgezeechent soll ginn. Gëschter war et dunn déi traureg Nouvelle, datt de Kënschtler an der Nuecht op en Donneschdeg verstuerwe wier. De gebiertegen Ettelbrécker, Joergang 1940, war bal figurativen, bal abstrakte Moler, Konzeptkënschtler, am längsten ass hien dem Kubismus trei gewiescht. Mee hie war virun allem och e politesch lénks engagéierten, gesellschaftskritesche Kënschtler.
D'Kerstin Thalau huet an eisem Archiv e Gespréich tëschent dem Jean Portante an dem Marc Henri Reckinger vun 1994 fonnt. Hei eng Rei Extraiten