Virun allem an der Stad gesäit een dagdeeglech Mënschen, déi op der Strooss liewen. Mee wéi dacks hëlt ee sech d’Zäit fir nozefroen, firwat si keen Doheem méi hunn? Et ass derwäert nozelauschteren, well d’Weeër, déi op d’Strooss féiere, sinn zwar ënnerschiddlech, mee soen trotzdeem eppes iwwer d’Gesellschaft am Allgemengen aus. D’Anne Schaaf huet mat enger Persoun geschwat, déi op hirem Parcours tëschent Déiften a Héichten eppes Wäertvolles erëmfonnt huet.
Triggerwarnung: Et geet an deenen nächste Minutten ënner anerem ëm den Doud, Drogekonsum a haislech Gewalt. Falls d’Nolauschterschaft vu sech weess, datt esou Theeme staark Emotioune bei hir ausléissen, gëtt recommandéiert, dës Episod net ze lauschteren oder se mat engem Mënsch ze lauschteren, bei deem ee sech sécher spiert.