Ass „Home is, where the heart is“ just eng Floskel oder kéint do vläit awer eppes drun si? Wéi eng Roll spillt d’Léift, wann ee laang zesumme lieft? Léisst se een éischter een Aen zoudrécken, wann et mam Haushalt an der Uerdnung net sou klappt oder schäerft grad de Respekt fireneen de Bléck dofir, wéi een säin Zesummeliewe fair organiséiere kann? Dëse Froe wollt d’Anne Schaaf am Gespréich mat enger Koppel op de Grond goen, déi säit bal engem hallwe Joerhonnert zesummewunnt.
arrow_back_ios
A viv heem!
Doheem ass do, wou d’Häerz wunnt
Lauschteren
play_arrow
headphones
13 min