Aircheck Sessions
The Aquatic Museum
24 min
Eis Gäscht sinn The Aquatic Museum, eigentlech ee Sextett, hei bei eis awer en Duo aus Claire Parsons a Laurent Peckels. Si bidde Musek tëschent de Genren: Jazz, Pop a Kammermusik verschmëlzen zu enger ganz besonnescher Aart Chamber Pop. Hiren éischten Album koum 2023 eraus. Déi beréierend an introspektiv Texter vun der Bandleaderin Claire Parsons an dat musikalescht Fundament, dat de Matbegrënner Laurent Peckels setzt, verbanne sech mat Orchestralem a Syntheeteschem zu Ënnerwaasserlandschaften a villem méi.
Presentéiert vum
- Marc Clement