Hei am Programm, vum 100,7, nächsten Donneschdeg, 31.7. vun 18:00 live an der Escher Konschthal: eng Playlist vum Julien Hübsch, deen do zwee gréisser Wierker ausstellt.:
Dem Julien Hübsch seng kënschtleresch Hand gräift aus der urbaner Realitéit an déi sozial Realitéiten hannendrun. Seng Playlist ass als thematesch Rees opgebaut, duerch seng Wierker an hir méiglech Aussoen, a mécht Loscht, sech seng Installatiounen unzekucken.