De Black Friday steet nees virun der Dier. Eng Zäit, an där ee sech viru speziellen Offeren a reduzéierte Präisser bal net rette kann. Dofir gëtt hei och gäre vill geshoppt, a verschiddene Fäll och esou exzessiv, datt et scho problematesch gëtt. Domadder beschäftegt sech och den Zenter fir exzessiivt Verhalen. D’Nadine Teusch, Psychologin a Psychotherapeutin beim ZEV, erkläert, firwat et eis dann um Black Friday esou schwéier fält, de villen Offeren ze widderstoen. A gëtt eis och e puer Tippen, wéi een e problematescht Verhalen evitéiere kann.
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht
Lauschteren
play_arrow
headphones
5 min
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Walté