D‘Aféierung vun der sougenannter “Beikost” ass ee wichtege Schratt am éischte Liewensjoer a geet dacks mat villen Froen a Meenungen auserneen. Wéini ass mäi Puppelche bereet? Soll ech mat Bräi oder Fingerfood ufänken? A wat ass eigentlech wichteg bei deenen éischte Moolzechten? D’Marta Lage, Stëllberoderin vun der Initiativ Liewensufank erkläert, wéi Elteren déi nei Iessituatioun entspaant begleede kënnen, wéi eng Zeeche wierklech wichteg sinn a firwat iesse vill méi ass wéi nëmmen Ernärung.
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
Initiativ Liewensufank
Lauschteren
play_arrow
headphones
8 min
mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil