arrow_back_ios

Aus dem Liewen

100komma7.lu / Aus dem Liewen

/ ErwuesseBildung

ErwuesseBildung

Lauschteren play_arrow
headphones

5 min

An eiser Welt, déi ëmmer méi komplex gëtt a sech technesch rasant weiderentwéckelt, brauche mir Mënsche mat kreativem Mindset. Kreativitéit ass net nëmmen exzentresche Kënschtler oder Genië mat Iddien, déi d’Welt veränneren, virbehalen. D’Kreativitéit léisst sech och am Alldag fannen. Sief et beim Kachen, wann een aus Reschter aus dem Frigo en neie Menu zaubert, oder wann een de Kanner virum Schlofegoen eng Gutt-Nuechtgeschicht erfanne muss. Kreativitéit besteet also net nëmmen am Zesummenhang mam Medium Konscht, mee och am Rapport mat Problemléisungen. E kreative Mënsch ass flexibel, sicht no neie Léisungsweeër an denkt dobäi och emol ëm den Eck.

Grad well mir net viraussoe kënnen, wéi d’Technologië sech veränneren a mat wéi engen Aarbechtsëmstänn mir an deenen nächste Joer konfrontéiert ginn, brauche mir Mënschen, déi sech all Situatioun upassen an iwwer den Horizont eraus denke kënnen: kreativ Leit. Fir der Generatioun vu muer ee gudde Start an d’Zukunft ze bidden, huet d'Kreativitéitsfërderung virun allem bei Kanner a Jugendlecher eng grouss Relevanz.

Kanner léieren am beschten, an deem si eppes mat alle Sënner erliewen a selwer Hand uleeën. Dofir bitt d'EwB de Raum an d’Méiglechkeeten hire Gestaltungsdrang a villfältege Workshoppen auszeliewen. Hei hunn och d’Elteren d’Méiglechkeet de kreativen Hutt unzedoen an niewent hire Kanner ze gestalten. Déi bescht Aart a Weis fir eppes ze fërdere bleift natierlech d'Virliewen an d’zesummen Erschafen.

“Am ZenArt Workshop, zum Beispill, fir Kanner vun 8 Joer un, kréien d'Famillen d’Material, Techniken an och denEncouragement gebuede fir sech fräi auszedrécken.

Am Billerbuchfigurenworkshop gi Famillen duerch de kreative Prozess geféiert fir hir eege Billerbuchfigur op d’Blat ze bréngen.

An eise Workshoppen hunn och d’Elteren d’Méiglechkeet de kreativen Hutt unzedoen a mat de Kanner ze gestalten.

Am Rhythmik Workshop fir Eltere mat Kanner tëschent 3 a 5 Joer sinn d’Kanner scho ganz fréi ageluede mat Beweegungen, Danz, Gesang oder mat Museksinstrumenter ze experimentéieren an hir eege kreativ Ausdrocksweis ze fannen.

An eise Lies- oder Filmmoienter vu 4 Joer u beschäftege mir eis mam Medium Buch a Film.

Mat der Leslie Fischbach, Mediepädagogin an der EwB (www.ewb.lu)

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Naturmusée

De Bléck geet zeréck op déi lescht Emissiounen, mir kucken awer och no vir, wat deemnächst am Musée geplangt ass.
headphones

6 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

TikTok, Dopamin und Brain Rot - Verlernen wir Langeweile?
headphones

5 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Pride Week 2026 – Respekt a gläich Rechter amplaz Haass
headphones

6 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung

Mental Load a Famillen
headphones

4 min

play_arrow

MIFA - Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble ...

Foire du bénévolat social 2026, de 26. September am Neimënster
headphones

5 min

play_arrow

Kannermusée Plomm

Anekdoten aus dem Plomm
headphones

6 min

play_arrow

GERO - Kompetenzzenter fir den Alter

Age Bombs an aner interessant Konferenzen erwaarden Iech beim Gero nom Summer.
headphones

6 min

play_arrow

Familljen-Center

Bezéiunge kartographéieren: wéi kann ee mei bewosst seng Bezéiungsdynamike verstoen?
headphones

9 min

play_arrow

EwB - ErwuesseBildung

Sommerkurse zu Smartphone, Computer und Co.
headphones

3 min

play_arrow

Initiativ Liewensufank

Wéini ass mäi Puppelche prett fir d'Bäifidderen?
headphones

8 min

play_arrow

Naturmusée

Am Gaart vum Naturmusée gëtt un der Upassung vu Planzen a verschidden Bedéngunge gefuerscht. Mir huelen Iech mat hanner d’Kulissen.
headphones

5 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

KI Begleiter – emotionale Unterstützung oder digitale Abhängigkeit?
headphones

9 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Vun der Perimenopause iwwer d’Menopause bis zu der Postmenopause
headphones

8 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung

TikTok, YouTube & Co. verstoen an net verdäiwelen
headphones

5 min

play_arrow

MIFA - Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble ...

D'European Disability Card, fir 2028 geplangt
headphones

7 min

play_arrow

Kannermusée Plomm

Spillen am neie Programm "On the move“.
headphones

5 min

play_arrow

Gero - Kompetenzzenter fir den Alter

Neiegkeete vum Pensiounscoach
headphones

6 min

play_arrow

Familljen-Center

Wei sicht een eng passend Berodungsplaz, e passende Psycholog oder eng passend Psychologin?
headphones

9 min

play_arrow

KJT - Kanner-Jugendtelefon

Wann Eltere sech trennen: Eng schwéier Zäit fir déi ganz Famill
headphones

5 min

play_arrow

Naturmusée

Eng kleng Spann ouni Héichtenangscht
headphones

8 min

play_arrow