arrow_back_ios

Aus dem Liewen

100komma7.lu / Aus dem Liewen

/ Erzeiungs- a Familljeberodung

Erzeiungs- a Familljeberodung

Lauschteren play_arrow
headphones

5 min

Kooperativ Eltere bleiwe bei Trennung a Scheedung

Wann eng Koppel sech trennt, ginn et vill Grënn, fir wat dës Entscheedung geholl gëtt. Vill Kanner hunn duerch eng Trennung oder Scheedung vun hiren Eltere souguer méi Méiglechkeeten op eng glécklech Kandheet mat Elteren, déi si ënnerstëtzen a gemeinsam begleeden. An dëse Situatioune bleiwen d’Elteren a Kooperatioun, oder kënne kooperatiivt Verhalen duerch Trennung souguer besser entwéckelen. Awer et gëtt och Situatiounen, an deene sech net nëmmen d’Koppel trennt, mee mat der Trennung leider och gutt gemeinsam Eltere si verluer geet, oder net ka weider dru geschafft ginn, fir dëst ze entwéckelen. Wann déi getrennte Koppel dann en plus nach vill iwwer all méiglech Theeme streit, entstinn am neie System vill schwéier Dynamiken an d’Kanner sinn erausgefuerdert domat eens ze ginn. Esou kann et sinn, dat e Kand guer kee Kontakt zu engem Elterendeel méi huet, oder datt et vill domat beschäftegt ass, et den zwee Elterendeeler gerecht ze maachen, awer seng eege Bedierfnisser dobäi ze vill zeréckhält. Dacks spiere sech d‘Kanner an dësen Dynamiken iwwersinn a vill eleng, obwuel hir Eltere grad ëm si vill streiden. Doduerch entsti paradox Situatiounen, an deenen d‘Entwécklung vum Kand belaascht ass.

An der Erzéiungs- a Familljeberodung gëtt zanter laanger Zäit mat Famille geschafft, och wann d’Koppel sech trennt. Zanter engem Joer bitt de Service ee Gruppeprogramm u mam Numm “Kinder aus der Klemme”. Dëse Programm ënnerstëtzt Famille bei der Sich no neie Léisungsweeër fir eng kooperativ Eltereschaft a réckelt d’Kanner an ee gemeinsame Fokus.

Explikatioune mat der Maja Hehlen, lic.-phil. Psychologin bei der Erzéiungs- a Familljeberodung (https://www.erzeiungs-a-familljeberodung.lu/)

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Naturmusée

De Bléck geet zeréck op déi lescht Emissiounen, mir kucken awer och no vir, wat deemnächst am Musée geplangt ass.
headphones

6 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

TikTok, Dopamin und Brain Rot - Verlernen wir Langeweile?
headphones

5 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Pride Week 2026 – Respekt a gläich Rechter amplaz Haass
headphones

6 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung

Mental Load a Famillen
headphones

4 min

play_arrow

MIFA - Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble ...

Foire du bénévolat social 2026, de 26. September am Neimënster
headphones

5 min

play_arrow

Kannermusée Plomm

Anekdoten aus dem Plomm
headphones

6 min

play_arrow

GERO - Kompetenzzenter fir den Alter

Age Bombs an aner interessant Konferenzen erwaarden Iech beim Gero nom Summer.
headphones

6 min

play_arrow

Familljen-Center

Bezéiunge kartographéieren: wéi kann ee mei bewosst seng Bezéiungsdynamike verstoen?
headphones

9 min

play_arrow

EwB - ErwuesseBildung

Sommerkurse zu Smartphone, Computer und Co.
headphones

3 min

play_arrow

Initiativ Liewensufank

Wéini ass mäi Puppelche prett fir d'Bäifidderen?
headphones

8 min

play_arrow

Naturmusée

Am Gaart vum Naturmusée gëtt un der Upassung vu Planzen a verschidden Bedéngunge gefuerscht. Mir huelen Iech mat hanner d’Kulissen.
headphones

5 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

KI Begleiter – emotionale Unterstützung oder digitale Abhängigkeit?
headphones

9 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Vun der Perimenopause iwwer d’Menopause bis zu der Postmenopause
headphones

8 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung

TikTok, YouTube & Co. verstoen an net verdäiwelen
headphones

5 min

play_arrow

MIFA - Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble ...

D'European Disability Card, fir 2028 geplangt
headphones

7 min

play_arrow

Kannermusée Plomm

Spillen am neie Programm "On the move“.
headphones

5 min

play_arrow

Gero - Kompetenzzenter fir den Alter

Neiegkeete vum Pensiounscoach
headphones

6 min

play_arrow

Familljen-Center

Wei sicht een eng passend Berodungsplaz, e passende Psycholog oder eng passend Psychologin?
headphones

9 min

play_arrow

KJT - Kanner-Jugendtelefon

Wann Eltere sech trennen: Eng schwéier Zäit fir déi ganz Famill
headphones

5 min

play_arrow

Naturmusée

Eng kleng Spann ouni Héichtenangscht
headphones

8 min

play_arrow