1974 gouf bei Hadar an Äthiopien en Deel vun engem Skelett ausgegruewen, deen haut weltberüümt ass a Lucy genannt gëtt.
Dem Lucy säi Skelett huet bewisen, datt eis mënschlech Virfare virun iwwer dräi Millioune Joren nach gutt an de Beem klotere konnten, awer och schonn op zwee Bee gelaf sinn an dat laang éier d’Gehier méi grouss gouf. Dës Virmënsche sinn dofir méi no mat eis Famill wéi mat de Schimpansen.
Mir stamen awer net direkt vum Lucy of, d’Lucy ass net eis Ur-ur-ur-Bomi, mee éischter eng Ur-ur-ur-Cousine. Viru 7 Millioune Joren hate mir emol e gemeinsame Virfare mat de Schimpansen.
Am natur musée am Gronn ass neierdéngs eng Nobildung vum Lucy a Liewensgréisst ausgestallt. Eng lëschteg Computeranimatioun erkläert d‘Ënnerscheeder tëschent de Skeletter vum aktuelle Mënsch, dem Lucy a vum Schimpans.
Explikatioune mat der Françoise Theisen-Kayser, Service de la médiation et du développement des publics vum Natur musée (www.naturmusée.lu)