An dëser Episod beliichte mir d’Geschwëster-Relatiounen aus e puer Bléckwénkelen. Wéi gesäit et aus mat der Complicitéit tëschent de Geschwëster? Ass streiden ënner Geschwëster ëmmer schlecht? Mir probéieren awer och eng Äntwert op d’Fro ze fannen, ob Elteren mat alle Kanner gläich frou kënnen respektiv musse sinn.
Mat der Jeannine Schumann, Chargée de Direction vun der Eltereschoul J. Korczak