Zënter 27 Joer hëlleft d’iStuff (fréier als Info-Videocenter bekannt) vun der EwB Ufänger a besonnesch Senioren hir informatesch Kenntnësser ze verbesseren.
De Philippe Funk, IT-Trainer vun der EwB, stellt d'Aarbecht, déi konkret Missioun an déi villfälteg Aktivitéite vun der iStuff vir, déi Senioren aktiv an engagéiert dobäi hëlleft, digital Kompetenzen opzebauen an d‘Technologie fir hir individuell Besoinen, Wënsch a Liewenssituatiounen ze notzen. Informatik fërdert net nëmmen déi mental Fitness an déi sozial Participatioun am Alter, mee kann och den Alldag op vill Manéiere méi einfach, méi sécher a méi interessant gestalten. Et gi vill nei Kommunikatiounsweeër, déi sech duerch d'Technologie opmaachen an déi et erméiglechen a Kontakt mat Famill a Frënn ze bleiwen, egal wou si op der Welt sinn.
De Philippe Funk erkläert och, wéi een déi kreativ Säit vun der Informatik entdecke kann, zum Beispill duerch d'Gestalte vun eegenen digitale Medien. Ausserdeem gëtt beliicht, wéi d'Technologie d'Gesondheet ënnerstëtze kann, sief et duerch Informatiounen, Appen oder Online-Communautéiten. D'iStuff vun der EwB ass eng Initiativ, déi fir jiddereen do ass, a sech aktiv fir d'digital Inclusioun am Alter asetzt, fir datt kee sech ausgeschloss fillt. www.ewb.lu