Am Abrëll steet d’Tabutheema Stigma Monoparental an der EwB am Vierdergrond. D‘Erausfuerderungen, Virurteeler mat deenen Elengerzéiend zu Lëtzebuerg ze kämpfen hunn, ginn an de Fokus gestallt.
“De Statec huet bewisen, datt Monoparentauxen iwwerduerchschnëttlech oft aarmutsgefärdet, sozial isoléiert a psychesch belaascht sinn. D’Zuele bestätegen dat, mee am Alldag ginn och nach ganz aner Problemer siichtbar”.
D’Ewb organiséiert eng Diskussiounsronn zum Theema: Systeemesch Ongläichheet a froen, wéisou d’sozial Strukturen net ëmmer duerginn, fir richteg Ënnerstëtzung ze bidden. Wéi eng Virurteeler prägen d’Liewensrealitéit vun Elengerzéienden haut nach ëmmer a maachen hinnen d‘Liewen deelweis ganz schwéier? Kann ee resilient ginn a säi Liewen esou féieren, wéi een et sech wënscht? Vill Froen, déi wäerten diskutéiert gi bei dëser Ronn. Explikatiounen huet d’Nora Schleich, Programmkoordinatrice vun der EwB.
D’Table ronde ass de 24.04.2025 (https://ewb.lu/en/event/tabu-thema-stigma-monoparental)