"Konscht - wat soll dat?"
Ee Raum schafen, an deem een d’Konscht vun hirem Sockel hëlt.
Ee Raum schafen, an deem jiddereen, deen interesséiert ass, Konscht erliewen an diskutéiere kann. An deem ee sech Zäit hëlt, Konscht op sech wierken ze loossen a genee ze beobachten, wat se mat engem mécht.
Ee Raum schafen, an deem een d’Méiglechkeet gebuede kritt, seng Reaktiounen, Emotiounen a Gedanke mat aneren auszetauschen.
Ee Raum schafen, an deem Public a Konschtschafender direkt openeen treffen an an den Dialog triede kënnen.
Ee Raum schafe fir Froen, fir déi an anere Kontexter keng Plaz ass.
Ee Raum schafen, an deem d’Konscht als Kommunikatiounsmëttel getest gëtt.
Mat der Eventserie “Konscht - Wat soll dat?“ probéiert d’EwB zënter e puer Méint genee esou ee Raum ze bidden. Wat sinn déi éischt Erfarungen? Dat seet eis d’Liz Lambert, Fotokënschtlerin a Chargée de communication vun der EwB.
Erausgepickt:
Deen nächsten Owend vu “Konscht - Wat soll dat?“ ass den 21.5.2025 um 18:30 an der EwB. (https://ewb.lu/event/konscht-wat-soll-dat-3)