D‘ Aktioun „Weltspilldag“, gëtt zanter villen Joeren vun der „Erzéiungs- a Familljeberodung“ organiséiert an mat verschidden Partenairen zesummen ugebueden.
E grousst Uleies bei deem Dag ass et op d‘ Bedeitung vum gemeinsamen Spill an der Famill opmierksam ze maachen an soumat déi positiv Momenter vum Austausch an Ënnerhalung tëschent Familljememberen ze ënnerstëtzen. Bis 2023 gouf de Weltspilldag an der Stad Lëtzebuerg organiséiert, ier en zanter 2024 seng Plaz zu Réimech fonnt huet. Explikatioune mat der Natascha Salomon, Diplom-Pädagogin, bei der Erzéiungs- a Familljeberodung (www.erzeiungs-a-familljeberodung.lu)