Déi rheinesch Saxifraga (Steinbrech), ass eng seelen a geschützt Planz, déi virun allem op kille, fiichte Fielsen am Éislek virkënnt. Si ass eng Reliktplanz aus den Äiszäiten, déi haut nëmmen nach op wéinege Plazen an Europa existéiert. Zu Lëtzebuerg trëtt se nach op, mee nëmmen nach op der Hallschent vun de fréier bekannte Standuerter. D’Populatioune si kleng, isoléiert a vum Ausstierwe bedrot. D'Ursaache fir de Réckgang si verschidden, dorënner Bauaarbechten, Zouwuessen vun der Vegetatioun, a klimatesch Verännerungen.
Fir d ‘Planz ze schützen, gouf en Aktiounsplang gestart, mat Moossnamen zur Erhalung vun existente Populatiounen an Usiidlung op nei Plazen. Wëssenschaftler hu mat den Naturparken Our an Uewersauer 10 Plazen identifizéiert, wou d’Saxifraga ugeplanzt a geséint gouf. D ‘Resultater weisen, datt d’Etabléierungsméiglechkeeten sech verbesseren, wann d’Vegetatioun virdru ewechgeholl gëtt. Ofhängeg vum Wieder si Som oder Jongplanzen besser ukomm. De Projet gëtt weider iwwerwaacht. Et gëtt sech mat internationale Partner iwwert d ‘Resultat ausgetosch fir och do zum Schutz vun der Saxifraga bäizedroen. Explikatioune mat der Tania Walisch, Conservatrice vun der Populatiounsbiologie a Fuerscherin am Beräich vun den ökologesche Planzen am Naturmusée
Am Kader vun der aktueller Ausstellung “Sous les pavés, la nature“, déi déi urban Biodiversitéit an de Fokus setzt, kann een d’Saxifrage och kucke goen an zwar am Gaart vum naturmusée.
www.naturmusee.lu