Reegelméisseg kierperlech Aktivitéit huet e positiven Afloss op dat emotionaalt Wuelbefannen, well se de Stress ofbaut, d’Stëmmung verbessert an d’Selbstwäertgefill stäerkt. Sportlech Aktivitéite kënnen och hëllefen, sozial Fäegkeeten ze entwéckelen an d‘Gefill vun Derzougehéiere fërderen.
De Sport als Hëllefsmëttel fir déi psychesch Gesondheet ze stäerken an zur selwechter Zäit déi kierperlech Fitness ze fërderen.
Besonnesch erausfuerderend ass et awer, datt vill Kanner a Jugendlecher a schwierege Liewensphase wéi zum Beispill an der Pubertéit, de Lien tëschent kierperlecher Aktivitéit a mentaler Gesondheet dacks net bewosst erkennen. Hei kënnt de Sport als wichtegt Instrument an d‘Spill, fir en emotionalen Ausgläich hierzestellen an d'Resilienz (mat schwierege Situatioune gutt ëmzegoen an no Réckschléi erëm an e Gläichgewiicht ze fannen) ze stäerken.
Explikatioune vum Max Ruscitti, Psychotherapeut bei der Erzéiungs- a Familljeberodung