arrow_back_ios

Aus dem Liewen

natur musée

Lauschteren play_arrow
headphones

9 min

Den natur musée ass geschwënn zënter 30 Joer am Gronn. Bekannt beim Public ass en natierlech virun allem duerch seng Ausstellungen a Manifestatiounen. Mee wéi vill aner Institutiounen, huet och den Natur musée sech iwwer all déi Joerzéngten un d’sozio-, kulturell a wëssenschaftspolitesch Verännerungen upasse missen.

D’Komplexitéit vun der Biodiversitéitskris - mee och vun deenen aneren aktuelle Krisen - sief et elo eng sanitär, politesch oder och eng Energie- a Klimakris - verlaangt mëttlerweil och vun de Muséeën eng Re-Evaluéierung vun hirem Selbstverständnes.

Mir liewe scho längst an enger Kulturnatur a mussen eis als dominant Aart dëser Verantwortung stellen. Hei kann a muss natierlech och en Naturmusée wéi eisen eng Äntwert kënne ginn. De Musée muss als gesellschaftlech Plaz fir Wëssenschaftsvermëttlung dorops virbereeden. D’Naturmuséeën, déi sech ëmmer och als Kulturinstituter verstinn - bei de sougenannten Elitten ass dat Versteesdemech leider net ëmmer do - hu mat der aktueller Entwécklung vun der Welt d’Chance definitiv zu enger zentraler Plaz vun der Kultur ze ginn. Wäit iwwer hir Haaptklientel vu Kanner a Famillen eraus, adresséieren esou Fuerschungsmuséeë sech mat hire Sammlungen, hiren Ausstellungen an iwwerhaapt hirer Expertise zur Naturgeschicht nämlech ëmmer méi och un d’Politik, d’Wirtschaft an déi traditionell Kultur. Naturmuséeë gëlle leider nach ëmmer als een Domän fir Schoulklassen a Kanner, eng Zort Spillgeschier am Musenhimmel. Trotzdeem, a kenger anerer Zort vu Musée gëtt méi mat Museologie experimentéiert wéi an Naturmuséeën. Vill Naturmuséeë weltwäit gehéieren zur museografescher Avantgarde. Explikatioune vum Direkter Patrick Michaely (www.naturmusee.lu)

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Naturmusée

De Bléck geet zeréck op déi lescht Emissiounen, mir kucken awer och no vir, wat deemnächst am Musée geplangt ass.
headphones

6 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

TikTok, Dopamin und Brain Rot - Verlernen wir Langeweile?
headphones

5 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Pride Week 2026 – Respekt a gläich Rechter amplaz Haass
headphones

6 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung

Mental Load a Famillen
headphones

4 min

play_arrow

MIFA - Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble ...

Foire du bénévolat social 2026, de 26. September am Neimënster
headphones

5 min

play_arrow

Kannermusée Plomm

Anekdoten aus dem Plomm
headphones

6 min

play_arrow

GERO - Kompetenzzenter fir den Alter

Age Bombs an aner interessant Konferenzen erwaarden Iech beim Gero nom Summer.
headphones

6 min

play_arrow

Familljen-Center

Bezéiunge kartographéieren: wéi kann ee mei bewosst seng Bezéiungsdynamike verstoen?
headphones

9 min

play_arrow

EwB - ErwuesseBildung

Sommerkurse zu Smartphone, Computer und Co.
headphones

3 min

play_arrow

Initiativ Liewensufank

Wéini ass mäi Puppelche prett fir d'Bäifidderen?
headphones

8 min

play_arrow

Naturmusée

Am Gaart vum Naturmusée gëtt un der Upassung vu Planzen a verschidden Bedéngunge gefuerscht. Mir huelen Iech mat hanner d’Kulissen.
headphones

5 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

KI Begleiter – emotionale Unterstützung oder digitale Abhängigkeit?
headphones

9 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Vun der Perimenopause iwwer d’Menopause bis zu der Postmenopause
headphones

8 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung

TikTok, YouTube & Co. verstoen an net verdäiwelen
headphones

5 min

play_arrow

MIFA - Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble ...

D'European Disability Card, fir 2028 geplangt
headphones

7 min

play_arrow

Kannermusée Plomm

Spillen am neie Programm "On the move“.
headphones

5 min

play_arrow

Gero - Kompetenzzenter fir den Alter

Neiegkeete vum Pensiounscoach
headphones

6 min

play_arrow

Familljen-Center

Wei sicht een eng passend Berodungsplaz, e passende Psycholog oder eng passend Psychologin?
headphones

9 min

play_arrow

KJT - Kanner-Jugendtelefon

Wann Eltere sech trennen: Eng schwéier Zäit fir déi ganz Famill
headphones

5 min

play_arrow

Naturmusée

Eng kleng Spann ouni Héichtenangscht
headphones

8 min

play_arrow