Mat enger Plomm kann e schreiwen - seng Iddien, seng Geschichten. Mee eng Plomm ass nach vill méi: si gëtt eis d’Méiglechkeet eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf ze loossen, nei Welten ze erfannen oder och ongewéinlech Äntwerten op d’Erausfuerderunge vun eiser Zäit ze fannen. De Kannermusée PLOMM invitéiert d’Kanner genee dat ze maachen: ze denken, ze entdecken an dobäi hir eege Stëmm ze fannen, fir sech auszedrécken. Andeems de Kanner de Raum fir hir Iddien a Meenungen auszebauen a si an der Ëmsetzung ënnerstëtzt ginn, ginn nohalteg Verännerunge geschaf. Méi Detailer ginn et vun der Directrice vum Kannermusée, der Manon Eicher.
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
PLOMM Kannermusée
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden
D'Nobelpräisser gi verdeelt 2/2
Mir schwätzen iwwer Präïsser vun dësem Joer an iwwer de witzegen 'Cousin', den Ig-Nobelpräis.
Et ass nees d'Zäit vun den Nobelpräisser 1/2
An der éischter Woch Oktober kann een an de Norichten op der ganzer Welt gewuer gi wien déi nei Nobelpräisgewënner vum Joer sinn.
Resilienz
Psychesch Widerstandsfähegkeit trotz Ëmstänn.