Am natur musée fannt Dir Fossilien, déi eis e Bléck an d’Vergaangenheet ginn. Ee besonnesch faszinéierenden Objet ass e Fossil vun engem risegen Nautilus, deen an de lëtzebuergesche Gestengsschichte fonnt gouf. Viru ronn 170 Millioune Joer, an der Jurazäit, huet dëst Déier an engem waarmen, flaache Mier gelieft. Duerch d‘Erhalung am Steen erzielen d'Fossilien eis vill iwwer d’Ëmwelt vu fréier: vu Klima a Landschafte bis hin zu Déieren, déi haut net méi existéieren. Lauschtert, wéi dëse speziellen Nautilus, deen no der Stad Rëmeleng benannt ass, eng Geschicht aus laang vergaangenen Zäiten erzielt - a wéi een d’Spuere vum geologeschen Ierwen nach haut am Land fënnt.
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
Naturmusée
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Walté