D‘Zecke gehéieren definitiv zu deenen Déieren, déi een net sympathesch fënnt, well se am schlëmmste Fall och zu gréissere gesondheetleche Problemer féiere kënnen. Mee wann een iwwer Zecke schwätzt, muss een awer och soen, datt et net nëmmen eng eenzeg Aart gëtt, an e puer dovunner sinn héichspezialiséiert. Den Alexander Weigand vum Naturmusée schwätzt iwwer déi verschidden Aarten, wéi eng Mythen et ronderëm d'Déiere gëtt an och wéi ee sech géint d'Zecke schütze kann.
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
Naturmusée
Lauschteren
play_arrow
headphones
5 min
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Walté