Beim KJT kann ee sech zu all Moment als Kand oder Jugendleche gratis Hëllef a Berodung froen zu ganz villen Theemen och z. B. zum Theema Safe Space. Dëst beschreift eng Plaz, wou ee sech sécher a gutt spiert.
D'Véronique Freyer vum KJT erkläert, wéi ee fir sech e Safe Space kreéiere kann a wéi esou eng Plaz een a schwéiere Momenter kann ënnerstëtzen.
De KJT (Kanner-Jugendtelefon) steet och als Safe Space fir Kanner Jugendlecher. Hei kënne si uruffen oder am Chat no Hëllef an Ënnerstëtzung froen. D’Nummer vum KJT ass den 116 111 oder online www.kjt.lu.