Dëst Joer hat an huet de Kannermusée Plomm eng Rei vun Appel-à-projete lafen, fir d’Aarbecht mat Kënschtler a Kreativen auszebauen. No engem éischten Treffen ënner dem Slogan “Creative Encounters“ kënne sech kreativ Leit mellen, fir Projete mat oder fir Kanner ze proposéieren. Egal, ob si de Kannermusée kannt hunn oder net, schonn do op Besuch waren oder net, jiddereen ass invitéier, fir sech ze mellen.
Interview mat der Manon Eicher vum Kannermusée Plomm. Weider Informatiounen op www.plomm.lu