De Kannermusée Plomm mécht et sech zum Zil Kanner eng Stëmm ze ginn a si aktiv mat anzebannen. Als Ambassadeur vun der Kannerparticipatioun ass et dofir wäertvoll e Plomm-Kannerrot op d’Been ze stellen, deen u Programmer matschafft. Esou kann een och sécherstellen, dat dës Offer och wierklech den Interesse vun de Kanner entsprécht. Klengt einfach, mee ass et dat dann och?
Dozou héiert Dir en Interview mat der Manon Eicher vum Kannermusée Plomm. Weider Informatiounen op www.plomm.lu