Vill Jugendlecher sinn net zefridden a frou mat hirem Ausgesinn a fille sech net wuel an hirem Kierper.
Nieft grousse Verännerungen, déi an der Pubertéit stattfannen an déi maachen, datt engem säin eegene Kierper op eemol ganz friem ka sinn, droen och d’Sozial Medien hiren Deel dozou bäi. Retuschéiert Gesiichter, perfekt-geformte Kierper, KI-Persoune suerge fir Onsécherheet, Selbstkritik an onfair Vergläicher.
Wéi kann ee mat deem Drock besser ëmgoen a gläichzäiteg e bessert Kierpergefill a Kierperbild entwéckelen? Dat ass Theema am Gespréich mat der Véronique Freyer vum KJT.
De KJT (Kanner-Jugendtelefon) steet mat Berodung de Kanner a Jugendlechen zur Säit. Hei kënne si uruffen oder am Chat no Hëllef an Ënnerstëtzung froen. D’Nummer vum KJT ass den 116 111 oder online www.kjt.lu.