Den 22. Abrëll ass den Earth Day, deen eis all Joer drun erënnert, wéi wichteg et ass, eis Ëmwelt ze schützen. Mee d’Klimakris ass net nëmmen eng Fro vun der Natur - si huet och vill mat Gerechtegkeet a gesellschaftleche Strukturen ze dinn. De Begrëff Ecofeminismus verbënnt genee dës zwou Perspektiven: Klima a Feminismus.
Wat dat konkreet heescht a firwat dat haut esou relevant ass, doriwwer schwätze mir mat der Catherine Jacoby vum CID Fraen an Gender.