De KJT gëtt et elo bal 35 Joer. D’Zil vum KJT ass, datt Kanner a Jonker net mat hire Suergen, Ängscht, Problemer a Froen eleng bleiwe mussen. Hei kann een anonym a vertraulech mat engem schwätzen an zwar iwwert den Telefon, d’Online-Hëllef oder d’Chatberodung.
Och Elteren, Grousselteren an aner Persounen déi dem Kand no stinn, kënnen sech mëllen - iwwert den Elterentelefon vum KJT.
D’Equipe kann ee kontaktéieren iwwer de Kanner a Jugendtelefon den 116 111.
Si proposéieren och en Elterentelefon 8002 4444.
Invitée ass Vivienne Peter, Educatrice graduée beim KJT.
Thema haut ass Resilienz, Psychesch Widderstandsfäegkeet trotz Ëmstänn
www.kjt.lu