Zwee Kilometer südlech vum Stadkär vun der Minettmetropol Esch-Uelzecht läit de Naturschutzzentrum Ellergronn, agebett tëschent Bësch an Dréchewisen am Naturschutzgebitt mam selwechten Numm. Hei trëfft alles openeen, wat de Räichtum vum Lëtzebuerger Süden ausmécht: engersäits eng divers Natur an anerersäits de Patrimoine vun der deemoleger Eisenindustrie. Am Ellergronn ginn et nieft den naturpädagogeschen Aktivitéiten och där, déi sech mat der Relatioun vu Mënsch, Natur an der Notzung vun den natierleche Ressourcë befaassen. Dozou huet d’ANF (Administration de la nature et des forêts) am Ellergronn zanter 2023 eng nei Ausstellung "Transition NOW” zum Theema vun der Transitioun, dem Antropozän an der grousser Beschleunegung. Invité ass den Pol Zimmermann, Préposé de la nature et des forêts Triage Esch/Alzette. Responsable du centre nature et forêt Ellergronn All Informatiounen zu den Ëffnungszäiten an den Aktivitéite fënnt een op www.nature.lu oder um Telefon 247 56 516.
arrow_back_ios
Biotop
Centre nature et forêt Ellergronn: Anthropozän / Den Zäitalter vum Mënsch
Lauschteren
play_arrow
headphones
10 min
mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden
Eng Mouke-Bidde fir all Gaart
Ënner dem Motto “Zesummen op der Sich” hëlt d’Biologesch Statioun vum SIAS d’Leit mat op de Wee fir d’Amphibien an aner Waasserdéieren an hirem Gaart ze schützen.
Den Hierscht ass d'Zäit vum Planzen
Op alle Fall mol, wann een am Fréijoer Tulpen, Narzissen an Hyazinthen am eegene Gaart wëll hunn.
Hecken a Beem an eiser Landschaft : Méi wéi just en Eyecatcher
Et geet ëm d’Funktiounen an d’Wichtegkeet vun Hecken a Beem an der Landschaft.
Bëschaarbechten am Hierscht
Mam Ufank vum Hierscht fänkt och déi intensiivst Aarbechtszäit am Bësch un.
Wuerzelwierk – den nohaltege Bauerenhaff erliewen
Wuerzelwierk ass en neie Projet vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg, bei deem Schüler:innen eng nohalteg Landwirtschaft zu Lëtzebuerg konkret um Terrain entdecke kënnen.
Wien ass de neie Star? de Feldspatz, den Dommendéck oder den Hauwendaucher
Wie gëtt de Vull vum Joer 2027
D’Mëllerdaller Produzenten gestalten zesummen hir Zukunft.
Wat entsteet, wa regional Produzentinnen a Produzenten hir Kräfte bündelen?
Mir ginn eraus mat der Naturverwaltung
Bei dësem waarme Summerwieder zitt et ëmmer méi Leit eraus an d’Natur an eis Bëscher verspriechen Erhuelung vun der Hëtzt.
LEADER ass eng wichteg Initiativ fir ländlech Regiounen
LEADER ass eng europäesch Initiativ, déi zënter 35 Joer innovativ Iddien an nohalteg Entwécklung a ländleche Regiounen ënnerstëtzt. Momentan gëtt d’Zukunft no 2028 geplangt.
Wéngerten: Liewensraum fir eis Bestëbser
Firwat d’Muselregioun mat hire Wéngertsstrukturen net nëmme fir d’Wäiproduktioun wichteg ass, mee och eng wichteg Roll fir eng ganz Panoplie un Insekten an Déierenaarte spillt.
Fliedermais – Faszinéierend Fluchkënschtler an der Nuecht
Ronderëm d’Fliedermais schwieft schonn zënter ëmmer eng mysteriéis an onheemlech Aura. Mee wat stécht dohannert a wéi gesäit d’Liewe vun enger Fliedermaus iwwerhaapt aus?
Eng aner Vue op d’Natur am Naturschutzzenter Mirador
Am Naturschutzzenter Mirador erliewen d‘Schüler:innen d’Natur duerch eng praxisno an interaktiv Approche.
Green Events
Eventer zu Letzebuerg nohalteg geduecht, geplangt an emgesat, dat ass d’Essenz vu "Green Events“, eng Initiativ vum Ëmweltministère.
Geméis vum Grill
Beim Grillen denkt ee meeschtens u Fleesch. Geméis vum Grill ass eng gesond a frësch Alternativ.
Gemeinwohl-Ökonomie fir Gemengen
„The good life: Gemeinwohl-(Ökonomie) fir Gemengen“ ass e LEADER-Projet, dee Gemengen derbäi soll ënnerstëtzen, gemeinwohlorientéiert Entscheedungen ze treffen.
Virstellung vum Harespels-Pixi-Buch an der Ziel mat!-Aktioun
Beim Pixi-Buch geet et dorëms, besonnesch de Kanner d’Angscht virun dësen immens interessanten Déieren ze huelen.
D’Schmuewelen - Eis Fréijoersbuete brauchen Hëllef
Schéin unzekucken awer och immens nëtzlech.
Duerfentwécklung, en Instrument fir méi Liewensqualitéit am ländleche Raum
Als Ergänzung zum LEADER-Programm ënnerstëtzt d’Duerfentwécklung Infrastrukturprojeten, déi der lokal Bevëlkerung ze gutt kommen.
De Lycée Technique Agricole - méi wéi nëmmen eng Akerbauschoul
De Lycée am Fokus: nohalteg - wëssenschaftlech - praktesch