Sief et an enger neier Cité oder awer an engem klengen Duerf: den Trend bei de Privatgrondstécker geet ëmmer méi a Richtung vun engem méi klenge Privatgaart, an deem net méi vill Plaz ass fir ee grousse Kiischten-, Äppel- oder Bierebam ze planzen. Fir trotzdeem gutt Friichten am Gaart ze hunn an dobäi eppes fir de Strukturräichtum an d’Diversitéit am Siidlungsraum ze maachen, sinn déi Uebstbeem, déi méi kleng bleiwen, wéi Figen, Granatäppel oder Zitrussen eng gutt Alternativ. De Klimawandel mat den ëmmer méi waarme Wanteren an dréchene Summere spillt dëse Beem souguer an d’Kaarten. Mam Cédric Godart vun der Station biologique SIAS - Syndicat intercommunal à vocation multiple (www.sias.lu)
arrow_back_ios
Biotop
Mediterran Uebstbeem
Lauschteren
play_arrow
headphones
14 min
mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden
D’Wéngertsbourse: D’Kulturlandschaft op der Musel erhalen
Fir datt d'Wéngerten op der Musel net Dréisch leien, bréngt en LEADER-Projet Wéngertsbesëtzer a Wënzer einfach a gratis zesummen: iwwer d'Plattformwengertsbourse.lu.
Bëschklima – Klimabësch
Am LTA, dem Lycée Technique Agricole, konnten déi Jonk dem Minister Serge Wilmes hirKlimasuergen an Iddie fir d’COP31 mat op de Wee ginn.
De Bësch stierft net nëmme vun uewen
De Klimawandel belaascht net nëmmen d'Bamkrounen. Dréchenperioden a Buedemstress schwächen d'Beem dacks onsiichtbar, laang ier déi éischt Schied bemierkbar ginn.
Eng Mouke-Bidde fir all Gaart
Ënner dem Motto “Zesummen op der Sich” hëlt d’Biologesch Statioun vum SIAS d’Leit mat op de Wee fir d’Amphibien an aner Waasserdéieren an hirem Gaart ze schützen.
Den Hierscht ass d'Zäit vum Planzen
Op alle Fall mol, wann een am Fréijoer Tulpen, Narzissen an Hyazinthen am eegene Gaart wëll hunn.
Hecken a Beem an eiser Landschaft : Méi wéi just en Eyecatcher
Et geet ëm d’Funktiounen an d’Wichtegkeet vun Hecken a Beem an der Landschaft.
Bëschaarbechten am Hierscht
Mam Ufank vum Hierscht fänkt och déi intensiivst Aarbechtszäit am Bësch un.
Wuerzelwierk – den nohaltege Bauerenhaff erliewen
Wuerzelwierk ass en neie Projet vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg, bei deem Schüler:innen eng nohalteg Landwirtschaft zu Lëtzebuerg konkret um Terrain entdecke kënnen.
Wien ass de neie Star? de Feldspatz, den Dommendéck oder den Hauwendaucher
Wie gëtt de Vull vum Joer 2027
D’Mëllerdaller Produzenten gestalten zesummen hir Zukunft.
Wat entsteet, wa regional Produzentinnen a Produzenten hir Kräfte bündelen?
Mir ginn eraus mat der Naturverwaltung
Bei dësem waarme Summerwieder zitt et ëmmer méi Leit eraus an d’Natur an eis Bëscher verspriechen Erhuelung vun der Hëtzt.
LEADER ass eng wichteg Initiativ fir ländlech Regiounen
LEADER ass eng europäesch Initiativ, déi zënter 35 Joer innovativ Iddien an nohalteg Entwécklung a ländleche Regiounen ënnerstëtzt. Momentan gëtt d’Zukunft no 2028 geplangt.
Wéngerten: Liewensraum fir eis Bestëbser
Firwat d’Muselregioun mat hire Wéngertsstrukturen net nëmme fir d’Wäiproduktioun wichteg ass, mee och eng wichteg Roll fir eng ganz Panoplie un Insekten an Déierenaarte spillt.
Fliedermais – Faszinéierend Fluchkënschtler an der Nuecht
Ronderëm d’Fliedermais schwieft schonn zënter ëmmer eng mysteriéis an onheemlech Aura. Mee wat stécht dohannert a wéi gesäit d’Liewe vun enger Fliedermaus iwwerhaapt aus?
Eng aner Vue op d’Natur am Naturschutzzenter Mirador
Am Naturschutzzenter Mirador erliewen d‘Schüler:innen d’Natur duerch eng praxisno an interaktiv Approche.
Green Events
Eventer zu Letzebuerg nohalteg geduecht, geplangt an emgesat, dat ass d’Essenz vu "Green Events“, eng Initiativ vum Ëmweltministère.
Geméis vum Grill
Beim Grillen denkt ee meeschtens u Fleesch. Geméis vum Grill ass eng gesond a frësch Alternativ.
Gemeinwohl-Ökonomie fir Gemengen
„The good life: Gemeinwohl-(Ökonomie) fir Gemengen“ ass e LEADER-Projet, dee Gemengen derbäi soll ënnerstëtzen, gemeinwohlorientéiert Entscheedungen ze treffen.
Virstellung vum Harespels-Pixi-Buch an der Ziel mat!-Aktioun
Beim Pixi-Buch geet et dorëms, besonnesch de Kanner d’Angscht virun dësen immens interessanten Déieren ze huelen.