Wuerzelwierk ass en edukativen a partizipative Projet, deen d’Kanner fir eng nohalteg Ernärung, Biodiversitéit an eng ëmweltfrëndlech Landwirtschaft sensibiliséiert. Duerch praktesch Atelieren direkt op Bauerenhäff a solidaresche Gäert kënnen d’Participanten entdecken, wou eis Liewensmëttel hierkommen a wéi Landwirtschaft, Ernärung, Gesondheet, Déierewuel, Biodiversitéit a Klima matenee verbonne sinn.
De Workshop huet elo mat der Rentrée um Fromburger Haff gestart, een Haff deen sech fir Ëmwelt, Nohaltegkeet a Solidaritéit asetzt. Déi Jonk sollen direkt Mëttelen un d’Hand kréien, fondéiert a responsabel Entscheedungen ze treffe fir zu engem méi durabelen a verantwortungsvollen Ernärungssystem bäizedroen.