E Cocktail, deen am 18. Joerhonnert vun engem britteschen Admirol erfonnt gouf. Well de Rum u Bord limitéiert war, huet een deemools ugefaangen, dëse mat waarme Waasser ze mëschen. De Barkeeper Marko Kuharic huet eis säi Rezept verroden.
Rezept:
Et hëlt een zu enger Hallschent kachend Waasser, zu där anerer bronge Rum.
Wann een et manner staark maache wëllt, kann een einfach méi Waasser huelen.
Als Dekoratioun kann een dann e bësse Stärenanäis huelen.
Et kann een dat Rezept awer och no eegenem Goût upassen, mat zum Beispill e bëssen Hunneg oder e bëssen Zitrouneschuel.