Allerhellegen ass eng Zäit, an där d’Melancholie grouss geschriwwe gëtt. Mir denken un eis Verstuerwen, den Hierscht geet a seng onangeneem Phas an de Vitaminn-D-Mangel mécht sech bemierkbar.
An da gëtt et dach näischt Besseres, wéi sech mat enger Taass Téi um Canapé anzewéckelen an en Album opzeleeën, deen déi Atmosphär erëmspigelt.
Hei sinn Är melancholesch Melodien, déi mir op Instagram gesammelt hunn.