De 19. Abrëll 1904 ass offiziell déi éischte Kéier de Chareli iwwer déi nei gebaute Schmuelspuer-Eisebunnslinn vun der Stad Lëtzebuerg op Iechternach gefuer. 7 Joer virdrun hat d‘Chamber bal eestëmmeg fir de Bau vun där Eisebunnslinn gestëmmt. D‘Schinne louchen op enger Stréck vu 45,80 km wouvunner 33,30 km iwwer normal Stroosse verlaf sinn. Den 13. Juni 1954 ass de Chareli eng leschte Kéier gefuer, duerno gouf d‘Linn ofgebaut. Iwwer ee groussen Deel vun der Stréck geet haut d‘Vëlospist PC2.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 121 Joer fiert de Chareli eng éischte Kéier
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow