arrow_back_ios
Dagdeeglech
Viru 16 Joer ass den Thierry van Werveke gestuerwen
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Gebuer den 23. Oktober 1958 zu Genf an der Schwäiz als Bouf vun engem Diplomat, koum den Thierry van Werveke mat 14 Joer op Lëtzebuerg. 1982 stoung hien eng éischte Kéier virun der Kamera an engem Kuerzfilm vum Andy Bausch. Duerch seng Roll als Belsch Henk am Film “Knockin‘ on Heaven‘s Door“ gouf hie beim däitsche Publikum bekannt a war duerno a weideren däitsche Filmer, Tëlee-Produktiounen a Serië mat vun der Partie. A punkto Musek war den Thierry a verschiddene Bands als Sänger aktiv.