Et war de Lëtzebuerger Fluchpionéier Lou Hemmer, deen 1928 erkannt hat, dass sech zu Esch-Uelzecht eng grouss Wiss géif fir Fluchzwecker eegnen. Scho kuerz drop gouf een éischt Club gegrënnt an Fluchmeetingen goufen ofgehale. Mëtt vun den 1930er Joren huet dee Club seng Aktivitéiten agestallt, et gouf ee neie Club an eng Firma gegrënnt, déi zesumme mat der Hëllef vun der Gemeng a ville Benevollen dat Fluchfeld zum éischte Fluchhafen zu Lëtzebuerg ëmgebaut hunn. De Fluchhafe gouf de 26. September 1937 vum Escher Buergermeeschter Hubert Clement ageweit. No enger Paus wärend dem Zweete Weltkrich gouf de Fluchbetrib nom Krich a bis 1954 nees opgeholl, dunn awer definitiv agestallt, wëll wéinst dem Ausbau vum Fluchhafe Lëtzebuerg um Findel kee Bedarf méi do war.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Viru 89 Joer gouf de Fluchhafe vun Esch-Uelzecht ageweit
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min