Haut virun 197 Joer ass de Sam Patch, dee wuel als éischten amerikanesche Stuntman an d'Geschicht agaangen ass, bei engem vu senge spektakuläersten a gläichzäiteg geféierlechste Stunts ëm d'Liewe komm. De Sam Patch gëtt haut nach als eng Zort Urpapp vun der Stuntman-Zeen ugesinn. Den 13. November 1829 huet hien allerdéngs säi leschte Sprong gewot – mat déidleche Konsequenzen.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
De leschte Sprong vum Sam Patch
Lauschteren
play_arrow
headphones
5 min
mic_none
Presentéiert vum
- Simon Larosche