Déi gutt Noriicht
Kachsalz géint Kriibs?
3 min
Ze vill Salz ass zwar ongesond, awer Natriumchlorid kann tatsächlech géint Kriibs eng Hëllef sinn. Eng erhéicht Konzentratioun vun Natriumione bewierkt nämlech, datt Immunzellen, déi géint Tumeuren ukämpfen, méi aktiv ginn.
Dat hunn zwou Fuerschungsgruppen erausfonnt, engersäits eng Ekipp op der TU München an eng vum IRCCS Mailand. D’Ekipp ronderëm den Dokter Dominik Soll an d’Caterina Scirgolea hunn d’Reaktioun vun CD8 plus T Zellen op eng erhéichte Konzentratioun vun Natriumchlorid ënnersicht.