arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

gäil

Lauschteren play_arrow
headphones

10 min

Dës Episod ass déi éischt vun der Emissioun WiWi - e puer Wierder iwwer Wierder - mat der Caroline Döhmer a Simon Larosche. Et geet hei ëm d'Wuert “gäil” a seng Bedeitungen, well d'Nuance vu gäil ännert, ob een elo vun engem gäilen Typ oder engem gäilen Dessert schwätzt. Donieft geet et och ëm e gäile Buedem am Duden.



S: D'Caroline Döhmer – villen Nolauschterer vläit nach bekannt aus de Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch, déi zesumme mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch hei um Radio entstan sinn – ass elo Proff op der Uni Lëtzebuerg. Wow. An du bass awer nach am Lëtzebuergeschen aktiv, gell?

C: Ech sinn elo Assistant Professor, also déi jonk Versioun vum Unisproff, fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie.

S: Super. Ech hu mech sou gefreet, dass mer nees zesummen on air sinn!

C: Ma ech mech och. Du wäerts laachen, mee et hu sou vill Leit mer léif Maile geschriwwen, dass se eis Emissioun vermëssen.

S: Ech krut och gudde Feedback, déi si bestëmmt frou, dass mer nees eppes zesumme maachen.

C: Wat mengs de, wéi déi wuel reagéieren?

S: Vläit héieren se et an denken einfach: gäil.

C: Et ass jo och gäil. A weess de wat? Ech kéint elo 20 Minutten iwwer déi elliptesch Struktur "gäil" schwätzen. Et ass jo scho cool, dass een einfach ka soen "gäil" amplaz e ganze Saz "et ass gäil". Mee eis nei Emissioun dréit sech net méi sou staark ëm Grammaire …

S: Naja, wéi ech dech kennen, bestëmmt e bëssen …

C: Allez, ganz ouni geet et net, mee de Fokus vun eiser Emissioun "E puer Wierder iwwer Wierder" sinn eenzel Wierder, iwwer déi ech e puer Wierder verléieren. An dat ass direkt e super Wuert fir unzefänken: gäil.

S: A, has de eis dat Wuert fir d'Emissioun matbruecht?

C: Am Fong hat ech een anert am Kapp, mee dat hei bitt sech elo un, well et e schéint Beispill fir vill Detailer aus dem Sproochgebrauch ass! Wéi am Däitschen och, kann ee "gäil" eemol am sexuelle Sënn benotzen oder einfach als Verstäerkung.

S: Mir bleiwen awer jugendfräi, oder?

C: Naturellement. Mee kuck, ech ka soen: der Nopesch hire Ridd ass gäil op eisen Hond. Ech kann awer och soen: Deen Dessert gesäit einfach gäil aus, ouni dass ech sexuellen Intressi um Dessert hunn.

S: E Concert kann och gäil sinn.

C: Genee, an dat ass e Beispill fir d'Verännerung vun der Bedeitung, se gëtt ausgeweit op net-sexuell Beräicher. Sou Saachen entstinn oft als Wuertspill – well ech muss dat ëmmer nees betounen, Sproochen ze benotzen, ass och eppes Verspilltes, eppes Kreatives. Da kënnt ee vun där enger Bedeitung par analogie op eng aner. Also "gäil" ass dann esouwuel eppes, wat e sexuellen Intressi huet, also de Ridd oder en anert Liewewiese mat Fortpflanzungsdrang an de passenden Hormoner. Et kann awer och eppes sinn, wat dëse Reiz ausléist: also wann eng Persoun gäil ausgesäit, da kann ech se och besonnesch attraktiv fannen – ganz onofhängeg dovunner, wéi hir Hormoner grad aktiv sinn.

S: A wéi komme mer lo bei d'Musek oder den Dessert?

C: Genee hei kënnt dann d'Analogie: Wann ech eppes iergendwéi uspriechend fannen (an enger méi oder manner extreemer Form), da kann ech soen: Dat gesäit gäil aus oder dat fillt sech gäil un. An dat léisst sech dann an aner Kontexter iwwerdroen, wou ee wëll ganz däitlech ausdrécken, dass eppes richteg super ass: sief et optesch oder geschmacklech wéi den Dessert, haptesch wéi e Stoff, dee sech vläit gäil ufillt, oder eeben auditiv, wéi de Concert.

S: An huet een dat fréier och scho benotzt?

C: Dat kann ech der leider net soen, well den LOD ass deen éischte Lëtzebuerger Dictionnaire, deen dat Wuert opgeholl huet, an deen ass keng 20 Joer al. Mee am Däitschen ass et intressant, dass "geil" do och fir Planze benotzt gëtt, déi séier wuessen, oder e Buedem, dee besonnesch fruchtbar ass, mam Saz aus dem Duden: "Der Boden ist feucht und geil".

S: Ass dat dann net och eng Analogie mat der Fruchtbarkeet?

C: Et huet och bëssi mam Ursprong vum Wuert ze dinn, well et sech entwéckelt huet aus "sexuell erreegt" zu "wiisst üppeg" bis bei "mega/genial". 'Gäil' an der Bedeitung vu 'mega' ass éischter eppes, wat ee mat Jugendsprooch verbënnt.

An nach e klenge Fun Fact zum Schluss: Wann ee bei Google "gäil" agëtt, da gëtt een direkt weidergeleet op "Gmail": Meinten Sie "Gmail"? Naja, net ganz.

S: A mir maachen elo weider am Programm mat gäiler Musek ¬– oder komm mer soen: mat richteg gudder Musek.

C: Genee, da soen ech villmools merci a mäi Schlusswuert ass: Äddi!

S: Bis geschwënn, Caroline.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

spannend

Dës Kéier geet et ëm eppes, wat spannend ass! Nämlech de Participe présent a firwat mir esou Wierder wéi "spannend" ganz onbeandrockend fannen.
headphones

6 min

play_arrow

plënneren

Dës Kéier geet et ëm Plënneren an ëm d'Tatsaach, dass plündern a plënneren am Fong op déi selwecht Iddi zréckginn.
headphones

5 min

play_arrow

Hellewull

Dës Kéier geet et ëm vill Saachen, e Koup Saachen, e Risekoup. Eng Hellewull.
headphones

6 min

play_arrow

Pippi

Dës Kéier geet et ëm Waasserloossen a firwat mIr do ëmmer iwwer eng Plaz schwätzen. Donieft schwätze mIr och doriwwer, wéi mer zu der verduebelter Silb Pi a Pi kommen.
headphones

6 min

play_arrow

Avocado

Dës Kéier geet et ëm Botterbieren, Kierperdeeler an Azteekesch, oder kuerz: ëm d'Avocado!
headphones

6 min

play_arrow

Tomat

Dës Kéier geet et ëm de "Paradiesapfel", Silben an Orthografie.
headphones

6 min

play_arrow

Haupi / Häipi

Dës Kéier geet et ëm e Follow-up vun den Haupeschbléiser a mir kucken, wien eigentlech en Häipi ass a wat dat mam Hubert ze dinn huet.
headphones

6 min

play_arrow

verspellegt

Dës Kéier geet et ëm e Wuert, dat am Dictionnaire als vereelzt markéiert ass a wat mat Leit ze dinn huet, déi gär vill erzielen. Donieft schwätze mir och iwwer Gospel.
headphones

6 min

play_arrow

jauschtereg

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi immens lëtzebuergesch kléngen, an ëm d'Entlarve vun der KI hirer Fake-Expertis.
headphones

7 min

play_arrow

Fuemeschnéck

Dës Kéier geet et ëm de Fuemeschnéck. Et gëtt erkläert, wat dat Wuert bedeit a firwat esou Wierder wonnerbar sinn, fir mat engem Trick lëtzebuergesch Schreifreegelen ze léieren.
headphones

7 min

play_arrow

rëffeg

Dës Kéier geet et ëm rëffegt Wieder, de kuerzen <ö>, deen et am Lëtzebuergeschen net méi gëtt, a Wonnen.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter 2/2

Dës Kéier geet et och am zweeten Deel ëm Konstruktiounen, déi ganz typesch Lëtzebuergesch sinn: menger Schwëster hir Duechter.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter - 1/2

Dës Kéier geet et ëm eng Fro vun enger Nolauschterin, déi am Fong mam Hatt-si-Komplex ze dinn huet. Et geet ëm d'Schwëster an onkloer Referenzen.
headphones

7 min

play_arrow

Mupp

Dës Kéier geet et ëm Muppen an Hënn a wéi kleng oder grouss verschidde Bedeitungsnuancë sinn.
headphones

7 min

play_arrow

Neijoerschdag

Dës Kéier geet et ëm deen éischten Dag vum Joer a mir ginn der Fro no vum "sch".
headphones

6 min

play_arrow

Haupeschbléiser

Dës Kéier geet et ëm eng Kulturtraditioun zu Lëtzebuerg: d'Haupeschbléiser. Dir gitt gewuer, wien den Hauper ass a wat do eigentlech geblose gëtt.
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 2/2

Och am zweeten Deel geet et ëm den Hittchen: Wou kënnt en hier a wéi fakultativ ass en iwwerhaapt?
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 1/2

Dës Kéier geet et ëm coifféiert Vokaler, eng Kappbedeckung a Fransousen, déi Saachen upassen.
headphones

6 min

play_arrow

muusseg

Dës Kéier geet et ëm Moos, Schampes an eent vun dem Caroline senge Liblingswierder.
headphones

6 min

play_arrow

Hammbier

Dës Kéier geet et ëm nees ëm Uebst. Mir ginn haut der Fro no, wat "Hamm” an Hammbier eigentlech bedeit a wat dat mat engem Hirsch ze dinn huet.
headphones

7 min

play_arrow